Skip to content

Wat plang den Här Mobilitéitsminister, fir den ëffentlechen Transport an der Regioun ronderëm Bäerdref ze verbesseren?

Dräi Stroosse féieren aus Bäerdref eraus. Just eng dovun ass de Moment ouni Aschränkungen op : Dat ass d’Landstrooss a Richtung Iechternach. D’Strooss op Konsdref ass wéinst engem Chantier mat roude Luuchte just eespuereg befuerbar, an den CR 364 a Richtung Vugelsmillen ass zanter den Iwwerschwemmunge vum 15. Juli gespaart, well den Hang gerutscht ass. Engem Zeitungsartikel vum 2. November no misst dës Strooss säit dem 15. September nees fir de Verkéier op sinn. Dat ass awer net de Fall.

Soulaang den CR 364 zou ass, mussen d’Awunner vu Bäerdref zum Deel grouss Ëmweeër a Kaf huelen, déi si vill Zäit kaschten. Dobäi kënnt, dass d’Buslinnen 110 an 111 iwwer Iechternach an d’Stad zanter Dezember 2020 just nach bis bei d’Luxexpo um Kierchbierg fueren, an net méi bis op Dummeldeng a vun do aus weider op d’Gare. D’Leit aus der Gemeng Bäerdref brauchen doduerch bis zu 40 Minutte méi laang fir ee Wee. Mee net just Bäerdref, och d’Nopeschgemenge si vun dëse Changementer bei de Busfuerpläng betraff.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Wéi erkläert den Här Mobilitéitsminister, dass den CR 364 nach ëmmer fir de Verkéier zou ass, obwuel seng Verwaltungen der Gemeng Bäerdref zougeséchert haten, dass dës wichteg Strooss bis de 15. September nees géif opgoen ? Bis wéini sollen d’Aarbechten ofgeschloss sinn ?
  • Wéi héich sinn d’Käschte fir d’Reparaturaarbechten um CR 364 a wéi e Prozentsaz dovu gëtt iwwer d’Héichwaasser-Direkthëllef vum Staat finanzéiert ?
  • Wat plang den Här Mobilitéitsminister, fir den ëffentlechen Transport an der beschriwwener Regioun ronderëm Bäerdref ze verbesseren an en op d’mannst erëm op de Qualitéitsniveau vu virun Dezember 2020 ze bréngen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen