Skip to content

Wéi eng zousätzlech Mesure ginn envisagéiert, fir z’evitéieren, dass d’Camionen am Transit-Verkéier weiderhi vun der Autobunn eroffueren, fir an enger Uertschaft ze tanken ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir ëffentlech Sécherheet weiderzeleeden.

De Phenomen vun de Camionneuren am Transit-Verkéier, déi an der Géigend vun de Grenzuertschaften onerlaabterweis vun der Autobunn eroffueren, fir op enger Tankstell ausserhalb vum Autobunnsreseau den Tank vun hirem Gefier vollzemaachen a sech mat Artikelen aus dem Tankstelleshop anzedecken, hëlt mengen Informatiounen no aktuell staark zou. Fir déi betraffen Uertschafte bedeit dat, dass d’Pollutioun, de Verkéier an déi domat verbonne Geforen eropginn, an d’Liewensqualitéit vun de Bierger parallel dozou erofgeet. Guer net ze schwätze vun de Stroossen, déi duerch de Schwéierverkéier zousätzlech belaascht ginn.

Eng Plaz am Land, wou een dës Entwécklung ganz gutt gesi kann, ass d’Offaart Mäertert/Waasserbëlleg op der Autobunn A1 a Richtung Tréier. Hei fueren d’Camionneure vun der Autobunn erof, fir sech op enger vun den Tankstellen tëschent Mäertert a Waasserbëlleg z’approvisionéieren. De Schäfferot vun der Gemeng Mäertert huet sech ganz rezent iwwer dëse Problem beim zoustännege Minister beschwéiert.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir ëffentlech Sécherheet stellen :

  • Wéi gedenken déi Häre Ministeren op dee beschriwwene Problem mam Transit-Verkéier ze reagéieren ?
  • Wéi eng Kontrollen sinn aktuell dofir virgesinn an a wéi engem Rhythmus gi se duerchgefouert ?
  • Wéi eng zousätzlech Mesure ginn envisagéiert, fir z’evitéieren, dass d’Camionen am Transit-Verkéier weiderhi vun der Autobunn eroffueren, fir an enger Uertschaft ze tanken ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen