Skip to content

Wéi sollen d´Policebeamten tëschent CBD-Produiten a Marihuana ënnerscheede kënnen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

An de leschter Joren sinn ëmmer méi Butteker bei eis am Land opgemaach ginn, déi Cannabidiol-Produit´en (CBD) verkafen. Doduerch ass vill CBD, dee jo legal ass, am Ëmlaf an et ass fir d´Beamten vun der Police onméiglech, dës Produit´en vun de Marihuana / Cannabis Planzen, déi jo momentan nach illegal sinn, ze ënnerscheeden. Laut mengen Informatiounen ginn et awer Schnelltester fir den THC-Gehalt ze determinéieren an domat och déi zwee Produit´en vun eneen ze ënnerscheeden. Allerdéngs soll just d´Douane sou Tester hunn, d´Police awer net.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister meng Informatioune confirméieren? Wa jo – firwat huet d´Police keng sou eng Tester zur Verfügung gestallt?
  • Wa jo – wéi sollen d´Policebeamten tëschent CBD-Produiten a Marihuana ënnerscheede kënnen?
  • Wéi sollen an Zukunft, wann de Cannabis-Konsum bis legaliséiert ginn ass, dës Kontrolle assuréiert ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen