Skip to content

Wéi vill Procès-verbaux wéinst Verstéiss géint d’Stroosseverkéiersuerdnung sinn an de leschte 5 Joren vu Policesäit un de Parquet geschéckt ginn ?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement dat virgesäit, wéilte mir folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an den Här Policeminister stellen.

 

Et gëtt eis zougedroen, dass eng Rëtsch Procès-verbaux vun der Police am Kontext vun Verstéiss géint den Code de la route net déi néideg Suitten um Niveau vum Parquet kréien. An deem selwechte Kontext géifen d’Leit, déi vun der Police convoquéiert, systematesch net opdauchen.

 

Aus deem Grond wéilte mir folgend Froen un d’Madamm an den Här Ministere stellen:

 

– Kënnen d’Ministeren confirméieren, dass tendenziell gekuckt ëmmer manner Leit op d’Convocatiounen vun der Police reagéieren ?

 

– Wéi vill Procès-verbaux wéinst Verstéiss géint d’Stroosseverkéiersuerdnung sinn an de leschte 5 Joren vu Policesäit un de Parquet geschéckt ginn (pro Joer) ?

 

– Wéi vill Procès-verbaux si an deem Kontext vu Säiten vun der Justiz weiderverfollegt ginn ?

– Wéi vill goufen der klasséiert ? Aus wéi enge Grënn (Verjärung z.B.) ?

– Wéi vill goufen der per Ordonnance pénale evakuéiert ?

– Wéi vill koumen der an eng Sitzung ?

– Wéi vill sinn der aktuell nach unhängeg ?

 

– Wéi vill Avertissements taxés (AT) wéinst Verstéiss géint d’Stroosseverkéiersuerdnung goufen déi lescht Joren ausgestallt ?

– Fir wéi ee Gesamtmontant ?

– Wéi vill vun dësen AT goufen effektiv och agedriwwen ?

 

– Wéi bewäerten d’Ministeren dës Donnéeën ?

 

Mat déifstem Respekt,

Laurent Mosar
Deputéierten

Léon Gloden

Deputéierten

 

Beitrag deelen