Skip to content

Wéini sollen d’Resultater vun der historescher Etude zum Iechternacher Park virleien ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturministesch weiderzeleeden.

 

Den Iechternacher Park gouf bei Iwwerschwemmungen am Juli 2021 staark beschiedegt a misst dréngend renovéiert ginn. Allerdéngs dierf deen duerch d’Héichwaasser enstaanenen Schued net behuewen ginn op Grond vun enger historescher Etüd déi vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) duerchgefouert gëtt.

 

D’Madamm Kulturministesch hat informéiert datt Gemeng Iechternach am Oktober 2022 déi final Resultater vun dëser Etüd sollt presentéiert kréien.

 

D’Resultater wieren der Gemeng Iechternach bis dato awer nach net virgeluecht ginn.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d‘Regierung stellen :

  • Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond den Delai vun Oktober 2022 fir d’Presentatioun vun de Resultater vun der historescher Etüd net agehale ginn ass ?
  • Sinn d’Resultater vun de concernéierte Servicer schonn analyséiert ginn resp. wou ass een mat der Analys drun?
  • Wéini plangt d’Regierung der Gemeng Iechternach d’Resultater virzeleeën fir datt déi néideg Renovatiounsaarbechten am Iechternacher Park kenne stattfannen an d’Sécherheet vun de Leit esou assuréiert ka ginn ?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel                                          Octavie Modert                                                Leon Gloden

Deputéiert

Beitrag deelen