Skip to content

Wélche Succès huet d’ECOBOX zu Lëtzebuerg?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur ECOBOX  un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

D’ECOBOX gouf vum Ëmweltministère an d’Liewe geruff fir den Einwegplastik ze reduzéieren an de Restauranten, wéi och de Verbraucher, eng nohalteg Léisung ze offréiere fir hir Muehlzëschten ze transportéieren. Géint eng Pfandgebühr vu 5€ kritt een säin Iessen an der ECOBOX geliwwert. D’ECOBOX kann nom Benotzen da rëm an de Betriber di mat maachen zréck bruecht gi bzw. géint eng aner agetosch ginn. All ECOBOX gëtt vun dëse Betriber professionell gebotzt a bei engem Defekt kritt een eng nei ECOBOX. Onsen Informatiounen no ass de Projet ronderëm d’ECOBOX awer kee wierkleche Succès.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gouf de Projet ECOBOX ëffentlech ausgeschriwwen? Wann nee, firwat net? An un wien ass de Projet gaangen?
  • Wat ass den Impakt vum Projet ECOBOX? Wéi vill sou Boxe sinn am Ëmlaf? Wéi vill Boxen hunn missten no engem Defekt ausgetosch ginn? Wéi oft ass d’ECOBOX bei engem Akaf zum Asaz komm, bzw. wéi vill Einwegplastik konnt duerch d’ECOBOX agespuert ginn? Wéi vill Betriber maache bei dësem Projet mat?
  • Stëmmt et, dass d’Betriber deelweis eng extra Spullmaschinn mussen uschafen, an dëst op eege Käschten, fir d’professionell Botze vun der ECOBOX ze garantéieren? Wann jo, wat sinn d’Grënn hei fir? Gëtt et keng aner Optioun?
  • Géif d’Ministesch soen, dass de System ECOBOX sech gutt zu Lëtzebuerg etabléiert huet oder op een eppes un dem Modell misst änneren? Gouf oder gëtt de Projet ECOBOX evaluéiert?
  • Onsen Informatiounen no sollen an Zukunft och nohalteg Iessgeschier, wéi Forschetten a Läffelen, mat sou engem Pfandsystem promovéiert ginn. Stëmmen dës Informatiounen? Wann jo, gouf och en anere System a betruecht gezunn dee villäicht besser wéi de bestoende System funktionéiere géif? Wann jo, wäert dësen neie Projet ausgeschriwwe ginn?

 

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                              Léon Gloden                           Jean-Paul Schaaf

Deputéierten                          Deputéierten                          Deputéierten

 

Beitrag deelen